
Den Dr. Eyschen ass de 15. Mäerz 1931 als eelst vu véier Kanner an der Stad op d’Welt komm. Als Jugendleche war hie bei de Scouten um Belair. No senger Première am Ale Kolléisch huet hien zu Paräis an zu Leuven Medezin studéiert. Dono huet den Urolog nach eng Spezialisatioun op der Uni vu Cleveland am Ohio (USA) gemaach. Déi Studien hunn him et erlaabt, fir no sengem Retour de Service vun enger Dialys zu Esch opzebauen.
De Josy Eyschen ass 1969 Member vun der DP ginn a war zwou Legislaturperiode laang Deputéierten um Krautmaart. Dat vun 1974 bis 1979 a vun 1979 bis 1984.
De Verstuerwene war véier mol Kandidat bei de Chamberwalen a war och Gemengeconseiller zu Esch-Uelzecht. Dat vun 1982 bis 1987 a vun 1990 bis 1993.
De Josy Eyschen war Wittmann vun der Madamm Godelieve Vanermen. D’Koppel krut zwee Kanner. A senger Fräizäit huet de Josy Eyschen am léifsten am Gaart vu sengen Urgrousselteren zu Eeselbuer am Éislek geschafft.
Fir un den DP-Éierendeputéierten z’erënneren ass en Donneschdeg de Moien och en offiziellen Hommage an der Chamber.