E speziellen Aktiounsplang leet d’Handlunge vun der Regierung bei Attacke mat chemeschen, biologeschen, radiologeschen oder nukleare Substanze fest.

D’Police brauch dat richtegt Equipement, fir an esou engem Fall ze reagéieren. E Mëttwoch gouf am Kader vun der Visitt vum EU-Kommissär vum Budget fir Antifraude, dem Piotr Serafin en Deel vun dësem gewisen. Finanzéiert gouf et zum groussen Deel aus dem Fong fir déi Bannenzegt Sécherheet vun der Europäescher Unioun.

D'Spezialunitéit vun der Police weist hiert Equipement / Diana Hoffmann

An den Asaz kënnt d’Material vun der Spezialunitéit vun der Police, wann zum Beispill ee verdächtege Pack oder eng verdächtegt Wallis gemellt gëtt. E Roboter mat enger Kamera fiert da bei den Objet, fir weider Enquêten ze maachen. Falls néideg, géing dësen da mat Hëllef vum Roboter op eng speziell Remorque gelueden, an op eng sécher Plaz bruecht ginn.

“Zum Gléck kënnt et net oft an den Asaz”, erkläert de Kommandant vun der Spezialunitéit Christian Krettels. Et hätt een 10 bis 12 Asätz d’Joer, bei deene e Verdacht géing bestoen, dass et néideg géing ginn, mam Roboter ze schaffen, fir dass keng Mënsche sech mussen der Gefor aussetzen. D’Remorque fir den Transport vun enger sougenannter "dirty bomb" wier awer nach ni genotzt ginn. Och hei seet de Kommandant vun der Spezialunitéit: “Zum Gléck net”.

D'Spezialunitéit vun der Police weist hiren Equipement
D’Police brauch dat richtegt Equipement, fir op chemesch, biologesch, radiologesch oder nuklear Attacken kënnen ze reagéieren.

Zanter 2020 si Roboter a Remorque hei am Land operabel a kéinten och am Ausland hëllefen. De Projet huet 1,7 Milliounen Euro kascht. Dovunner goufen 1,2 Milliounen aus EU-Gelder finanzéiert. Méi genee aus dem "Internal Security Fund", kuerz ISF. "Den 'ISF Funding' huet eis am Fong erlaabt, nach e Schratt méi wäit ze goen an an déi Beräicher kucken ze goen, déi immens deier kaschten. Déi eeben net ëmmer esou héich probabel sinn. Déi net fënnef Mol no d'Joer virkommen", betount de Christian Krettels. Dat wier e klore Plus vum ISF, deen et géing erlaben, dass een och kéint international mathëllefen.
 
Den Inneminister Léon Gloden huet da betount, dass et wichteg wier, op europäesch Kooperatioun ze setzen an Equipement ze kafen, wat och kéint anere Staaten zur Verfügung gestallt ginn. Et wéilt een doriwwer eraus och op Equipement setzen, wat der Iwwerwaachung vun de Baussegrenze kéint déngen. "Mir wëllen, datt d'Baussegrenze vun Europa sécher sinn. Dofir brauch ee modernt Equipement", seet de Minister.

Den EU-Kommissär Piotr Serafin huet dann ënnerstrach, dass dacks Finanzminister géinge soen, en Investissement an den EU-Budget wier deier a se wéilten net iwwer Augmentatioune vun dësem schwätzen. "Ech sinn absolut iwwerzeegt, dass wa mer eis Depensen zesummeleeën, mer méi Sécherheet fir manner Geld kréien. An de Projet, dee mer haut gesinn ass e Beispill, dass et funktionéiert", ënnersträicht de Kommissär. Wann d’Länner géingen ufänken, hir eege Grenzen ze protegéieren, anstatt d’EU-Baussegrenzen, géing dat senger Meenung no d’Regierungen um Enn just méi deier ginn.