Regierung confirméiertD'Zukunft vum ArcelorMittal-Wierk zu Biissen ass ongewëss

RTL Lëtzebuerg
Am Summer zejoert hunn 276 Leit zu Biissen fir ArcelorMittal geschafft.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

D’Zukunft vum Arcelor Mittal-Wierk zu Biissen ass ongewëss, dat confirméiert d’Regierung op eng parlamentaresch Fro vun der DP. An den nächste Méint wieren duerfir Diskussiounen tëscht de Vertrieder vun der Direktioun an de Gewerkschaften, dat Ganzt am Respekt vum Sozialdialog. Dës hunn d’Zil, zesumme Piste fir Biissen auszeschaffen. Ob respektiv wéi vill Leit riskéieren hir Plaz ze verléieren, geet aus der Äntwert net ervir.

Eng éischt Reunioun tëscht dem Wirtschaftsminister Lex Delles, de Gewerkschaften, der Personaldelegatioun an de Vertrieder vum Aarbechtsministère war elo rezent den 13. Februar, fir iwwer Biissen ze schwätzen. D’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Direktiounen hätte bei där Geleeënheet betount, zesummen un engem Strang zéien ze wëllen, sou d’Ministeren.

Den OGBL hat am Kader vum leschte Stoltripartitesaccord am Juni zejoert scho bedauert, datt ArcelorMittal net genuch an d’Wierk zu Biissen investéiere géif a vun enger “beispillloser Kris” op deem Standuert geschwat. Am Summer zejoert hunn 276 Leit zu Biissen fir ArcelorMittal geschafft.

Back to Top
CIM LOGO