Affer-Associatioun huet der Chamber hir Reformvirschléi iwwerreecht
Haislech Gewalt, sexuelle Mëssbrauch, psychologesch Folter – all Dag erliewe Fraen a Kanner, munchmol och Männer, dës Realitéit.
Net iergendwou. Hei zu Lëtzebuerg. Dofir huet d’Associatioun La Voix des Survivant(e)s hir Reformvirschléi un d’Chamber iwwerreecht. Eng Aktioun an der Hoffnung, datt sech eppes ännert.
"La Voix des Survivant(e)s" ass eng Associatioun vun Affer fir Affer. Et si Fraen a Männer, déi selwer Affer vun haislecher Gewalt oder sexuellem Mëssbrauch waren an déi decidéiert hunn, net méi de Mond ze halen. Ënnert hinne sinn och Affekotinnen, déi net nëmmen hir perséinlech Erfarung, mee och hir juristesch Expertisen afléisse gelooss hunn, fir e ganz konkrete Reformprojet auszeschaffen.
D’Petitioun 3409, déi den 3. Januar mat 5.009 Ënnerschrëften ofgeschloss gouf, hätt kloer gewisen: d’Biergerinnen a Bierger wëllen, datt d'Lutte géint Gewalt opgrond vum Geschlecht méi Prioritéit kritt.
D’Propos ass kloer: Méi streng Strofe fir Täter, méi Schutz fir d’Affer. En neit Geriicht, dat op dës Froe spezialiséiert wier, en nationalen Zentrum fir Affer a kloer Rechter fir d’Kanner, déi matleiden. D’Ana Pinto, Presidentin vun der Associatioun:
"Ee vun de Gesetzer, déi mer elo onbedéngt wëllen änneren, ass zum Beispill d’Gesetz vum Sursis, deen 2018 votéiert gouf. Dat heescht, een, deen am Cactus ee Kilo Grompere klaue geet, kritt genau sou Sursis, wéi een, deen ee Kand vergewaltegt oder eng Fra oder e Mann oder wat och ëmmer. Plus au moins, deen ee kritt e bëssi méi Sursis wéi deen aneren, mee et kritt ee Sursis, wann et déi éischte Kéier ass. Dat ass eis een Dar am Aen a mer wëllen onbedéngt, dass dat verschwënnt!"
Ee weidere Probleem ass och d'Zäit, déi vergeet, ier et iwwerhaapt zu engem Prozess kënnt, wéi d’Stéphanie Makoumbou, Affekotin a Member vun der Associatioun erkläert :
"La durée des procédures au Luxembourg est vraiment énorme, j’avais déjà des cas, où des clientes qui sont venues me voir pour porter plaintes contre l’auteur des faits. Et pourtant aujourd’hui on est en 2025, la procédure a commencé en 2019/2020, et on est toujours au stade de l’instruction. La durée des procédures est beaucoup trop longue au Luxembourg. 5 ans pour être aujourd’hui même pas devant le juge et même pas avoir l’assurance que l’auteur des faits sera condamné, c’est terrible."
Den Text vun der Associatioun gëtt scho vun e puer Parteien ënnerstëtzt an d’Regierung huet am Kader vum nationalen Aktiounsplang géint Gewalt ugekënnegt, en Zenter fir Affer ze schafen. D’Stëmm vun den Iwwerliewende fuerdert, datt d’Afferorganisatioun an d’Schafung vun dësem Zentrum mat agebonne soll ginn.
D’Associatioun "La voix des survivant(e)s" huet hir Hausaufgab gemaach. Elo géing d’Verantwortung bei der Politik leien.