Am Viséier vun de Policebeamte stoungen Drogendelikter, grad ewéi d'Anhale vun den Immigratiounsgesetzer.

Et goufen 21 Persoune kontrolléiert, well den Drogenhond bei hinnen eppes erschnoffelt hat. A fënnef Fäll gouf en Avertissement taxé wéinst dem Besëtz vun enger klenger Quantitéit Droge geschriwwen.

D'Police schreift dann nach an hirem Bulletin um Méindeg de Moien, dass géint zwou Persounen "e Signalement" virlouch, ouni awer ze preziséieren, wouropper sech dëst bezunn huet.

Am Asaz waren 20 Policebeamten, grad ewéi 2 Drogenhënn.

RTL