CGDIS3 Blesséierter bei 2 Accidenter an der Nuecht op e Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 1 Auer a kuerz no 4 Auer koum et zu änlechen Accidenter, dat zu Helsem an zu Wanseler.

Kuerz no 1 Auer ass zu Helsem am Millewee en Automobilist mat sengem Gefier an en “Obstakel” gerannt, wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass. Eng Persoun gouf hei verwonnt. D’Pompjeeë vu Steesel an d’Ambulanz vu Lëntgen waren am Asaz.

Och en “Obstakel” stoung engem Automobilist an de fréie Moiesstonnen, méi genee kuerz no 4 Auer, am Wee. Den Accident war zu Wanseler an der Näerterstrooss, wou zwou Persoune blesséiert goufen. Nieft de Rettungsservicer vu Wolz war och den Ettelbrécker SAMU op d’Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO