E Mëttwoch de Moie war nees en ëffentlechen Debat iwwert eng Petitioun an der Chamber. An dëser Petitioun ass et drëms gaangen, dass déi staatlech Primm vun der Allocation de Famille, déi de Staatsbeamten zousteet, wa si d’Charge vun hire Kanner hunn, och am Privatsecteur soll agefouert ginn. E Mëttwoch war et dann och déi éischte Kéier, dass d’Conclusiounen vun enger Petitiouns-Debatt ëffentlech presentéiert goufen.
Et géif hir ëm d’Wuelbefanne vun de Kanner goen, well déi sollen net dorënner leide mussen, dass hir Elteren net beim Staat schaffen, an dowéinst och net vun der Primm vun der Allocation de Famille profitéiere kënnen. Fir d’Salariéen am Privatsecteur sollen nämlech déi selwecht fair Méiglechkeete bestoen, esou d’Petitionärin Dara Miranda:
D’Petitioun ass eben, dass de Privatsecteur och eng Allocation de Famille géif kréien, esou wéi d’Fonctionnairen, d’Salariéen an d’Employés de l’État. Et ass fir d’Kanner a fir dass d’Eltere kënne méi ubidden.
Weider sot d’Petitionärin, dass de Staat dës Primm sollt iwwerhuelen. Eng Prezisioun, déi esou am Petitiounstext am Virfeld net stoung, wat och erkläert, firwat nëmmen den Aarbechtsminister Georges Mischo an net och de Familljeminister Max Hahn an d’Chamberdebatt invitéiert waren.
D’Deputéiert hunn d’Petitionärin da séier dorobber opmierksam gemaach, dass de Staat déi Allocation de Famille un hir Employéeën an der Funktioun als Patron géif ausbezuelen. Dass de Staat dës Primm dann elo och am Privatsecteur géif iwwerhuelen, wier net ze realiséieren an et géif ee Famillje mat Kanner anescht ënnerstëtzen, esou de Georges Mischo, dee bedauert, dass de Familljeminister net invitéiert war:
De Koalitiounsaccord gesäit et net vir, dass de Staat dat do den Employeuren an dem Privatsecteur imposéiert. An dann ass et och, d’Petitionärin huet gefrot, dass de Staat dat soll iwwerhuelen. 2023 huet de Staat 133 Milliounen ausbezuelt fir déi doten Allocation de Famille an et ass elo net, dass de Staat dat doten iwwerhëlt fir jiddereen am Privatsecteur an am ëffentlechen Déngscht.
D’Präsidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener deelt d’Meenung, dass esou eng Mesure net ze realiséieren wier, an awer géifen et hei zu Lëtzebuerg ze vill Leit ginn, déi net iwwer d’Ronne kommen an deene besser misst ënnert d’Äerm gegraff ginn.
D’Madamm huet do een Nerv getraff, et ginn natierlech vill verschidde Moossnamen, vill Leit wëssen awer och net, dass et déi ginn. Vill Primmen, vill Allocatiounen, mee et ass vläicht awer och ee strukturelle Problem. A mir als Partei wäerten eis sécher och nach méi intensiv domadder beschäftegen.
Um Mëttwoch war et dann och nach d’Première, dass d’Conclusioune vun der Debatt ëffentlech fir de Public matgedeelt goufen. D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener erkläert:
Eis ass et ganz wichteg, dass d’Transparenz an där ganzer Prozedur nach méi grouss gëtt. Dat heescht, virdru sinn ech eben ëmmer erausgaangen an ech hu selwer dem Petitionär an der Petitionärin d’Conclusioune matgedeelt, an elo kritt de ganze Public, deen eis dann nolauschtert, dat dann och ze héieren, fir dass keng Malentenduen entstinn.
Dëst wier eng weider Mesure, déi am Kader vum neie Petitiounsreglement agefouert gi wier, fir d’Gesellschaft um politeschen Debat besser abannen ze kënnen.
Déi ganz Debatt kann een och am Replay op chd.lu nokucken. A weider Petitiounen, fir nozeliesen an ze ënnerschreiwen, ginn et op petitionen.lu.