No Brand um Samschdegowend zu Lëlz Läschwaasser huet an Hal fir en Totalschued gesuergt, sou d'Buergermeeschtesch Mireille Welter

Andy Brücker
E Samschdeg den Owend hat zu Lëlz den Daach vun enger Sportshal Feier gefaangen. De Materialschued ass grouss, blesséiert gouf keen.

Zu Lëlz huet e Samschdeg den Owend den Daach vun enger Sportshal gebrannt. Kuerz no 21:00 Auer ass d'Feier bemierkt ginn, dat e gréissere Pompjeesasaz ausgeléist huet. Op der Plaz waren d'Ekippen aus ganzer 11 Asazzenteren aus der Ëmgéigend: CIS Alebesch, Bauschelt, Clierf, Gréiwels, Groussbus, Angelduerf, Miersch, Rammerech, Réiden, Viichten a Wolz.

Aus der ganzer Regioun krute mer Fotoen erageschéckt, ënnert anerem vun Ënsber. Vu Kauneref war et d'Nouvelle, dass den Damp iwwer dem ganzen Duerf géif leien.

Blesséiert gouf keen, ma de Schued ass enorm, sou d'Buergermeeschtesch vun der Gemeng Esch-Sauer, Mireille Welter, e Sonndeg de Moien RTL géintiwwer. Den Daach wier komplett a sech zesummegefall an hätt mam Läschwaasser bannen an der Hal fir en Totalschued gesuergt.

D'nächst Woch misst da gekuckt ginn, wéi et mat der Assurance weidergeet, a wéi een de Sportsveräiner kann hëllefen, déi an där Hal hir Aktivitéiten hunn, esou nach d'Buergermeeschtesch.

Extrait Mireille Welter

Am Gebai, wat a Flame stoung, sinn ënnert anerem och Depote vun der Gemeng.

Pompjeesasaz wéinst Brand zu Lëlz
Den Daach vun der aler Sportshal huet um Samschdeg den Owend Feier gefaangen.

Weider Asätz vum CGDIS e Samschdeg den Owend

Géint 20:15 Auer ass zu Réimech eng Persoun ugestouss an dobäi blesséiert ginn.

A kuerz virun 19:30 Auer ass zu Giewel e Motocyclist gefall. Och déi Persoun gouf dobäi verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO