Ënner anerem Auto géint BamAacht Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.20 Auer en Donneschdeg den Owend hat en Auto um CR153 tëscht Méideng an Duelem e Bam ze pake kritt.

D’Pompjeeë vu Mutfert an d’Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.

Um 17.50 Auer waren tëscht dem Kierchbierg an dem Cents op der A1 zwee Autoen aneneegerannt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad goufen an den Asaz geruff.

Ëm 18.30 gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi en Auto tëscht Keel an Diddeleng op der A13 an d’Leitplank gerannt ass. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Keel an Diddeleng waren op der Plaz.

Kuerz virun 8 Auer e Freideg de Moien hate sech dann an der Rue des Trois Cantons zu Dippech zwee Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vun Dippech goufen an den Asaz geruff.

Véier Blesséierter gouf et da kuerz drop bei engem Accident tëscht zwee Autoen an der Rue de Schouweiler zu Uewerkäerjeng. Hei waren d’Ambulanze vun Esch, aus der Stad, vu Mamer an aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng, grad ewéi d’Pompjeeë vu Käerjeng op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO