StatecAarbechtsmaart hat eng staark Hausse am 3. Trimester 2020

RTL Lëtzebuerg
Nodeem de Maart am zweeten Trimester 2020 duerch de Covid drastesch gefall ass, huet ee sech dono nees däitlech erholl.
© Pixabay

Vergläicht een dat drëtt Trimester 2020 mat deem vum Joer virdrun, war et souguer eng Hausse vun 1,4 Prozent, par Rapport vum zweeten Trimester 2019 war et e Plus vu 4,6 Prozent.

Am Dynameschsten am drëtten Trimester 2020 war de Service publics mat 5,2 Prozent, op ee Joer gekuckt, an d'Baubranche mat 3,9 Prozent op ee Joer gekuckt. Manner Aarbechtsplazen dogéint gouf et am Commerce, dem Transport, der Hotellerie an der Restauratioun.

Prozentual gesi war d'Hausse dann am drëtten Trimester 2020 bei de Frontalieren (+2 Prozent) méi héich, wéi bei de Residenten (+0,9 Prozent). Bei de Frontaliere war et grad déi vun der franséischer Grenz, déi am Meeschte geklomme sinn.

Back to Top
CIM LOGO