Et ass d'Resultat vun der Tripartite de leschte Freideg. Den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch huet um Donneschdeg de Mëtten eng ganz Rei Mesurë virgestallt, fir de Chômage ze bekämpfen.
Et hätt een net onbedéngt eppes Neies wëllen erfannen, ma Mesuren, déi et scho gëtt, un déi aktuell Situatioun upassen. Dozou gehéiert ënnert anerem d'Aide à l‘embauche chômeur âgé, déi elo opgemaach gëtt fir all Chômeuren iwwer 30 Joer.
D'selwecht soll de Stage de professionalisation, dee bis ewell just disponibel war fir Leit iwwer 30 Joer, elo och fir méi jonk Leit opgemaach ginn. Dat well et eng ganz effikass Method wier, esou de Minister.
Fir d'Betriber ze motivéieren, weider Jonker auszebilden, soll och eng eemoleg Primm un dës Entreprisen ausbezuelt ginn, déi dann och jee no Effort vum Betrib soll gestaffelt ginn. Dëst Joer wieren nämlech ronn een Drëttel manner Léierplaze gemellt ginn, wéi zejoert.
Beim Staat selwer sollen dann och eng 1.700 Plazen, déi intern schonn accordéiert goufen, bis Enn September ausgeschriwwe ginn.
Am fréien Hierscht wëlle sech Regierung, Gewerkschaften a Patronat nach eng Kéier un en Dësch setzen.
