Et war eng gemeinsam Reunioun tëscht der Regierung, de Gewerkschaften an dem Patronat. Konkret sinn et op Regierungssäit d’Ministere Bettel, Bausch, Kersch, Gramegna a Fayot, déi 3 national representativ Gewerkschaften OGBL, LCGB an CGFP an d’UEL fir d’Patronatsvertriedung.
Et hätt ee wëllen eng direkt Äntwert op déi aktuell Chômage-Situatioun am Land ginn, esou de Premier Xavier Bettel no enger éischter Reunioun vun der Tripartite. Deemno huet sech d'Diskussioun tëscht de Sozialpartner op d'Erhalen an d'Schafe vun Aarbechtsplaze limitéiert. No gutt 5 Stonne Reunioun, huet de Premier du kënnen eng Rei konkret Mesuren annoncéieren.
D'Regierung hat decidéiert, de Fokus op de Chômage ze leeën, och wann an den Ae vun de Gewerkschaften, wesentlech méi hannert enger Relance vun der Wirtschaft stécht, wéi de Chômage ze bekämpfen, esou d'Presidentin vum OGBL Nora Back.
„Dozou gehéiert natierlech och d'Kafkraaft vun de Leit, d'Diskussioun iwwert de Logement. De Logement, dee Kafkraaft-Friesser Nummer 1 ass zu Lëtzebuerg, d'Diskussioun iwwert d'Steieren, wou ee vill ka géint d'Inegalitéite maachen a fir méi Gerechtegkeet suergen. Dat kënnt der Ekonomie zegutt, dat kënnt de Leit zegutt. Alles hänkt fir eis zesummen, dofir insistéiere mir och, dass an deem dote Gremium iwwer dat Thema geschwat gëtt.“
Déi sanitär Kris hätt schonn zu enger wirtschaftlecher Kris gefouert an elo misst verhënnert ginn, dass doraus och eng sozial Kris entsteet, esou d'Uleies vun de Gewerkschaften.
Zu de konkrete Mesuren, déi decidéiert goufen, gehéiert ënnert anerem d'Aide à l'embauche. De President vum LCGB, Patrick Dury:
„Wat positiv ass, dat ass, dass mer d'Aide à l'embauche vu Chômeure vereinfachen, dass mir dat opmaachen an dass eng ganz Partie Mesurë fir d'Léier, den Apprentissage geholl gi sinn, fir deen z'ënnerstëtzen an auszebauen.“
Formatioun ass och e wichtegt Stéchwuert fir d'Patronat, wéi de President vun der UEL, Nicolas Buck betount.
„Dat ass fir eis de Sujet vun der Zukunft. Wa mer weider Entreprisen hei zu Lëtzebuerg wëllen entwéckelen, da brauche mir natierlech extrem staark Mataarbechter. Mir mussen awer och déi Leit, déi net déi néideg Qualifikatiounen hunn, deenen déi Qualifikatiounen offréieren, an dass si sech weiderentwéckele kënnen.“
Wat dat ugeet, sinn déi dräi Gespréichspartner sech eens gewiescht. Fir de Premier wier et wichteg, doran z'investéieren.
„Mir sinn eis bewosst, dass d'Kris eppes kascht, mä mir sinn eis och bewosst, dass eng Formatioun, engem eng Perspektiv ze ginn, engem eng Occupatioun ze ginn, ëmmer dee besseren Invest ass, vis-à-vis vun engem Chômage.“
Allgemeng wieren et ganz konstruktiv Gespréicher gewiescht, do ware sech Regierung, Gewerkschaften a Patronat eens. Dobäi huet et sécherlech och gehollef, dass kee Schold un der aktueller Situatioun ass.