
Zu Eschduerf hannert der neier Gemeng soll en abordabele Wunnprojet mat 19 Eefamilljenhaiser an 2 Residencë mat all Kéier 6 Appartementer entstoen. An enger vun de Residencë kommen och Büroe vun der Gemeng eran. De Logementsministère hätt en deementspriechenden Accord fir d’Entwécklung vum PAP “Hannert der Gemeng” mam Buergermeeschter Laurent Hilger ënnerschriwwen, heescht et e Freideg de Moien an engem Schreiwes.
De Staat keeft der Gemeng en Terrain vu 60 Ar of, op deem 31 abordabel Wunnengen duerch den ëffentleche Bauträger SNHBM entstoe sollen. Déi 19 Haiser si fir d’Vente an déi 12 Appartementer fir d’Locatioun geduecht.
Link: D’Schreiwes vum Logementsministère an der Gemeng Esch-Sauer.