Abriecher ënnerweeAbréch a Kelleren a Garagen - en neien Trend?

RTL Lëtzebuerg
An der Lescht héiert een ëmmer rëm, dass a Kelleren oder Gemeinschaftsgaragen agebrach gouf. Geklaut ginn hei dacks Vëloen.
Abrech a Gemeinschaftsgaragen a Kelleren - en Trend?
Zuel vun Abréch geet zwar allgemeng erof, dofir ginn ëmmer méi Abréch a Garagen gemellt.

Manner Wunnengsabréch, méi Garagen a Kelleren

Allgemeng ass d’Zuel vu den Abréch zu Lëtzebuerg iwwert déi lescht zwee Joer liicht erofgaangen. Dat läit dodrun, dass duerch d’Pandemie, Lockdown an Homeoffice d’Leit méi Doheem waren a sinn.

Manner Abréch a Wunnengen an Haiser, awer méi Abriecher, déi sech Zougang zu Garagen a Kelleren verschafen. Et kann een also allgemeng vun engem Trend schwätzen.

Der Police no goufen 2020 eng 400 Abréch a Kelleren a Garagen registréiert. Fir d’Joer 2021 zielt ee bis Oktober inclus eng 330 Abréch. Et sinn Zuelen, déi awer relativ vage sinn, sou den Marc Ragnacci, Chefkommissär vun der Police fir Kriminalpreventioun.

Besonnesch ofgesinn hunn eng Partie Abriecher op Gemeinschaftsgaragen a Kelleren a Residencen. Dat, well een hei dacks duerch eng oppe Garagëpaart erakënnt oder awer als friem Persoun a gréisseren Appartementshaiser net esou séier opfält.

Vëlosboom och bei Abriecher

Beléift si bei dësen Abriecher da besonnesch Vëloen an aner Objeten, déi ee gäre mol a sengem Garage stoen huet. Dat kann och de Yannick Frantzen bestätegen. Eleng dëst Joer hu scho 4 Abriecher sech Zougang zu hirer Gemeinschaftsgarage verschaff. Hei huet ee vun de Abriecher och versicht hire Vëlo ze klauen. E gudden Anti-Vol um Vëlo huet den Déifstall awer verhënnert. E vun hire Noperen hat do net esou vill Chance.

Ëmmer rëm friem Persounen an sengem privaten Doheem respektiv am Gebai ze hunn, huet dem Yannick a sengem Frënd op d’Gemitt geschloen. D’lescht Joer hu si déi éischt Iwwerwaachungskamera installéiert. No an no sinn der ëmmer méi bäikomm. Mat Hëllef vun de Kamera, déi och e Beweegungsmelder hunn, konnte si der Police bei all Abroch Fotoe vun de Täter areechen. Dat huet viru kuerzem souguer zur Verhaftung vun engem Täter gefouert.

Preventiv géint Abriecher

Kamerae sinn also eng Méiglechkeet géint Abriecher virzegoen. Preventiv kann een awer nach villes méi maachen, wéi de Marc Ragnacci verréit. Sou ginn et Sécherheetsschlässer och fir d’Kellerdieren. Et soll een och ëmmer waarden, bis Garagëpaart ganz zou ass, éiert een aus dem Garage geet an net jidderengem opmaachen, deen un der Haaptdier schellt. Fir de Fall wou soll een am beschte keng Géigestänn am Garage stoen hunn an och vu Wäertgéigestänn an de Kellere gëtt ofgeroden.

Back to Top
CIM LOGO