Ënner anerem Bijoue geklautAbréch am Süden an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut an de leschte Stonnen méi Abréch gemellt. Ënner anerem e Sonndeg an der Nuecht an der Nidderkuerer Strooss zu Suessem.

En Onbekannten hat sech Accès an d’Haus verschaaft andeems hien d’Terrassendier ageschloen hat. Bannenan huet hie sämtlech Zëmmeren duerchsicht a sech da mat Bijouen duerch d’Bascht gemaach. Et leeft eng Enquête.

Schonn e Samschdeg de Mëtteg gouf an en Appartementshaus an der Rue Charles Quint zu Märel an der Stad agebrach. Do goufen am Ganze 6 Kelleren opgebrach. Och hei gëtt et eng Enquête.

Um Site vun der Police fënnt een Informatiounen, wéi ee sech géint Abréch protegéiere kann.

Back to Top
CIM LOGO