
Déi Onéierlech hunn d'Suen aus der Kees, e Safe an Zigarette geklaut.
Donieft haten Déif et och op 5 Wunnengen ofgesinn, an der Rue Marie-Adelaide zu Hollerech, an der Route de Burange zu Diddeleng, an der Uelzecht Strooss zu Esch, an der Cité Henri Grey zu Déifferdeng, an um Schlassgewan zu Schraasseg.
An de meeschte Fäll goufen hei Bijouen, Wäertobjeten a Boergeld matgeholl.
D'Beamten hu missen zu Diddeleng (2x), Walfer, Déifferdeng, Märel, Esch/Uelzecht (5x), Haassel, Péiteng (2x), Capellen, Bartreng (3x), Izeg an an der Stad (6x) fir Rou suergen.
Gréisstendeels waren d'Konflikter Noperen oder Clientë vu Lokaler zouzeschreiwen. An 3 Fäll hu misse Jugendlecher berouegt ginn, déi Kaméidi gemaach hunn, wéi si duerch d'Stroosse gaange sinn.
An engem Fall huet d'Police missen ee Protokoll ausstellen, wéinst engem Noper, dee sech net berouege wollt.