
Am fréien Owend hu sech Onbekannter Zoutrëtt zu engem Haus um Sennengerbierg verschaf. Do hu se eng Fënster vun enger Glasdier ageschloen, fir an d'Haus eranzekommen. Zu Jonglënster dann hu Brigangen eng Fënster aus den Aangele gehuewen, fir anzebriechen.
Wéi Dir Iech géint Abriecher esou gutt wéi méiglech schütze kënnt, da erkläert Iech d'Police op hirem Internetsite. Do fannt Dir eng ganz Lëscht mat Rotschléi.