Ermëttlunge lafenAbréch zu Äischen an um Neihaischen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch mellt d'Police e puer Abréch, dat ënner anerem zu Äischen an um Neihaischen.

Eng Kéier gouf an en Eefamilljenhaus an der Cité Äischdall zu Äischen agebrach. Déi bis ewell nach onbekannten Täter haten d’Dier vun der Terrass opgebrach, fir an d’Haus ze kommen. Si hunn hei all d’Raim duerchsicht.

Géint 1.30 Auer gouf an engem Wunneng vun engem Méifamilljenhaus an der Rue Principale um Neihaischen agebrach. Hei waren d’Täter iwwert eng Fënster um 1. Stack vun der Wunneng an d’Gebai komm. Si hunn d’Raim duerchsicht a méi Géigestänn, dorënner Aueren a Bijouen, matgeholl.

An all de Fäll vun Abréch, och déi net genannten, goufen Ermëttlungen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO