PoliceAbréch zu Mamer an zu Bouneweg, Permis fort no Accident op Tréierer A1

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, koum et en Dënschdeg zu zwee Abréch. Op der Tréierer A1 hat et gerabbelt, woubäi ee Chauffer onasiichteg war.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

An der Areler Strooss zu Mamer huet en onbekannten Täter d’Terrassendier vun engem Eefamilljenhaus opgebrach, fir dono sämtlech Raim ze duerchsichen an nees ze flüchten.

Bei engem weideren Abroch an der Bouneweger Strooss an der Stad huet e Brigang sech op bis ewell onbekannt Manéier Zougang zu enger Wunneng verschaaft. Do huet hien dunn e puer Géigestänn matgoe gelooss.

D’entspriechend Ermëttlunge goufe lancéiert, sou d’Police. Si maachen och nach emol op hir Rotschléi opmierksam, wéi een Abréch verhënnere kann.

Kontroll no Accident refuséiert

Géint 17.15 Auer koum et en Dënschdeg zu engem Accident tëscht zwee Autoen op der Tréierer A1 tëscht dem Tunnel Houwald an dem Gaasperecher Kräiz. Zwou Persoune goufe liicht verwonnt. Nodeems si éischtversuergt goufen, koume béid Persoune fir eng Kontroll an d’Spidol. Well ee vun den Automobiliste refuséiert huet, en Alkoholtest ze maachen, krut hie säi Fürerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO