
An der Rue du Verger zu Bouneweg gouf eng Persoun gemellt, déi an e Gebai agebrach war. Wéi d'Police op d'Plaz koum, huet si d'Gebai duerchsicht an am Keller vum Haus eng Persoun fonnt, déi sou gemaach huet, wéi wa si géing schlofen. De Parquet huet ordonéiert, de Mann festzehuelen. Um selwechten Dag koum de Mann virun den Untersuchungsriichter.