
D’Brigange ware géint 7.50 Auer duerch eng Garagëpaart agebrach. Wéi eng Patrull op der Plaz ukoum, sinn d’Täter an de Bësch fortgelaf, deen un d’Lëtzebuerger Strooss grenzt.
Et géing sech ëm 3 Männer handelen. Verdächteg Persoune soll een direkt dem 113 mellen an et soll ee wéi gesot och am Raum Briddel kee mam Auto mathuelen.