
De Brigang war duerch d'Entréesdier an d'Appartement erakomm, déi duerch Renovatiounsaarbechten opstoung. Um éischte Stack huet den Onbekannte mat Hëllef vun engem Géigestand d'Dier vun enger Wunneng opgebrach. Pech fir hien, deen Ament war een doheem. Nodeems d'Fra Kreesch gedoen huet, ass den Täter geflücht.
Zeienaussoen no wieren 3 verdächteg Persounen a Richtung Industriezon fortgelaf. Eng Plainte gouf deposéiert.