PoliceAbriecher zu Bruch bei Miersch geflücht

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war et den Appell vun der Police, déi an der Géigend vu Bruch keng Friemer mam Auto matzehuelen.

E Mann soll géint 20 Auer probéiert hunn, an der Rue de Biissen an e Gebai anzebriechen. Beamten an de Policehelikopter hunn op der Plaz nom Onbekannte gesicht. Et koum bis ewell keng Nouvelle vu Säite vun der Police, dass den Onbekannte fonnt gouf.

Verdächteg Persoune soll een dem 113 mellen.

Back to Top
CIM LOGO