Um SonndegAbriecher zu Märel an am Pafendall ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt waren e Sonndeg de Moien an e Sonndeg den Owend nees Onéierlecher an der Stad ënnerwee.
© RTL Archiv

E Sonndeg de Moien ass zu Märel an der Rue Guillaume de Machault een onbekannten Täter iwwert eng Kellerdier an en Appartementshaus agebrach an huet eng Partie Géigestänn geklaut.

Am Pafendall hat sech e Sonndeg den Owend en Onéierlechen iwwer eng Fënster Accès zu engem Haus verschaf, wou hien e puer Raim duerchsicht huet.

A béide Fäll goufen Ermëttlungen an de Wee geleet.

Um Site vun der Police fannt Dir Rotschléi, wéi Dir Äert Haus oder Appartement preventiv géint Abréch schütze kënnt.

Fürerschäiner agezunn

Donieft mellt d’Police zwee Automobilisten, déi e Sonndeg de Permis wéinst ze héijem Alkoholafloss hu missen ofginn.

Op der N56 zu Hollerech hat ee Chauffer op sech opmierksam gemaach, well dësen a Schlaangelinne gefuer ass. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt d’Persoun ze vill gedronk hat.

Géint 23.20 Auer koum et an der Géigend vum Keeler Potto a Richtung Esch zu engem Accident, bei deem en Auto vun der Strooss ofkoum an am Gruef zum Stoe koum. Et gouf keng Persoun dobäi blesséiert. Den Alkoholtest war awer positiv, esou datt de Fürerschäin agezu gouf.

Back to Top
CIM LOGO