
E Mann an eng Fra hate probéiert, sech iwwer d’Terrassendier mat Gewalt Zougang zum Gebai ze verschafen, wéi si ertappt goufen. Déi presuméiert Abriecherkoppel huet sech iwwer d’Rue de Luxembourg duerch d’Bascht gemaach, wou si dunn awer och scho vun der Police festgehale konnte ginn.
Ee vun de presuméierten Abriecher huet bei der Kontroll uginn, nach mannerjäreg ze sinn. Dëst konnt eng klinesch Analys awer séier widderleeën.
De Parquet huet d’Festnam vun den zwee presuméierten Abriecher ordonéiert, déi schonn den nächste Moien der Untersuchungsriichterin virgefouert goufen. Géint béid Persoune gouf een Haftbefeel ausgeschwat.