
Wéi d’Police matdeelt, gouf tëscht dem 1. an dem 2. Januar an d’Schoul an der Rue Michel Kremer zu Ierpeldeng-Sauer agebrach, andeems eng Fënster ageschloe gouf. De Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer mellt op sengem Facebook-Profil, datt nieft der Fënster och Dieren a Schief futti gemaach goufen. Wat genee alles géing feelen, wier dem Claude Gleis no nach net gewosst.
An der Silvesternuecht haten Onéierlecher an der Rue de Dalheim zu Siren eng Terrassendier vun engem Eefamilljenhaus opgehuewelt. Am Haus goufen all d’Raim duerchsicht an eng Partie Wäertgéigestänn, wéi Bijouen, Boergeld an Alkoholfläsche geklaut. Ausserdeem haten d’Abriecher bei engem weideren Haus an der selwechter Strooss probéiert anzebriechen, wat hinne allerdéngs net gelonge war.
Zu Esch-Uelzecht am Quartier Wobrécken gouf sech an der Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar iwwert d’Fënster vun enger Kellerdier Accès an en Eefamilljenhaus verschaf. Den 29. Dezember gouf iwwerdeems an d’Jugendhaus an der Fiels agebrach an zu Luerenzweiler waren Onéierlecher an d’Gebai vum Futtballveräin agebrach.
An der Stad gouf et zwee Abréch a Wunnengen an der Rue Emile Lavandier an um Boulevard Joseph II. E weideren Abroch mellt d’Police zu Beetebuerg an der Rue de la Gare, deen dem Proprietär opgefall ass, wéi hien heem koum.