Police hat genuch ze dinnAbroch, Accident, Alkohol an Drogen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg huet d'Police ënnert anerem eng Partie Alkoholkontrollen duerchgefouert. 4 Fürerschäiner goufen agezunn.
© Archiv

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg huet d’Police op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen an der Stad, zu Alzeng, zu Dikrech an zu Ettelbréck duerchgefouert. Am Ganze goufe 538 Chauffere kontrolléiert, an 23 Fäll war den Test positiv, et goufe 14 Procès-verbauxen an 12 Avertissements taxéen ausgestallt a 4 Permisen nach op der Plaz agezunn.

Kuerz no Mëtternuecht waren enger Policepatrull an der Rue du Fort Bourbon an der Stad zwou verdächteg Persounen opgefall, déi derbäi waren een Drogendeal duerchzezéien. Wéi d’Police si kontrolléiere wollt, huet ee vun de Männer probéiert fortzelafen, ma hie gouf erëm ageholl. De Mann huet zouginn, Kokain kaaft ze hunn an huet de Beamten eng Bull ausgehännegt. Beim Vendeur konnt och eng Bull fonnt ginn. Bei enger spéiderer Ënnersichung am Scanner goufe weider 7 Bulle fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf den Dealer festgeholl an hat e Freidegmoien ee Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

An der Nuecht gouf der Police dann op der Aire de Berchem vu Frankräich a Richtung Lëtzebuerg een Abroch an ee Camion gemellt. D’Abriecher hate Pneuen aus engem Unhänger geklaut. Eng Policepatrull konnt e bëssi méi spéit zwou verdächteg Persounen stellen an eng Partie geklaute Pneue sécherstellen an huet och erausfonnt, datt d’Camionnette, mat där si ënnerwee waren, geklaut war. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl an engem Untersuchungsriichter presentéiert. D’Camionnette an ee weidert Gefier goufe confisquéiert.

Scho géint 16 Auer war en Donneschdeg an der Route de Volmerange zu Diddeleng ee Foussgänger vun engem Bus ugestouss ginn. De Mann gouf schwéier verwonnt an d’Spidol bruecht. D’Police huet ee Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO