
Déi Onéierlech goufe wärend hirer Flucht vun Awunner erwëscht, konnte sech awer a Richtung Fëlschdref duerch d'Bascht maachen. D'Police schléisst den Ament net aus, dass e beige/groe VW Multivan an de Virfall verwéckelt ass.
Dëst Gefier ass nämlech kuerz virum Abroch am "Uespelterwee" zu Fëlschdref opgefall, nodeems dräi jonk Persounen op engem private Grondstéck vun engem Eefamilljenhaus iwwerrascht goufen an doropshin an de Multivan geklomme sinn. Eng véiert Persoun wier du mat hinne zesummen a Richtung Zentrum fortgefuer.
Informatiounen iwwert d'Gefier oder den Déifstall si fir d'Police ënnert der Nummer 244 771 000 oder fir den 113.
Täterbeschreiwung vun der Police:
Drei junge Personen (2 Männer und 1 Frau) (...), die dunkel gekleidet waren und dunkle Mützen trugen. Eine Person habe eine graue Tasche mit sich geführt.
Tëscht 11 a 15 Auer gouf an enger Wunneng an der Rue Menager zu Déifferdeng agebrach.
Zu engem Déifstall koum et och an engem Imbiss-Lokal an der Avenue Victor Hugo um Lampertsbierg. Onéierlecher hu Boergeld, Aarbechtsmaterial an Iesse matgoe gelooss.
Tëscht dem 15. an 18. November goufen an enger Dokter-Praxis zu Märel an der Rue des Aubépines Boergeld an e Laptop gestuel.
Am Laf vum Weekend sinn och Onbekannter an e Buttek an der Avenue de la Liberté op der Gare agebrach an hunn d'Suen aus der Keess an aner Géigestänn matgeholl.