
An der Rue du Nord an der Stad krut e Mann, dee sech aus engem Café op den Heemwee gemaach huet, seng Auer vum Handgelenk gerappt. Den Täter konnt flüchten an eng Enquête gouf lancéiert.
Am Garer Quartier krut e Mann seng Goldkette vum Hals gerappt, wéi hien an en Tram geklommen ass. Éischten Informatiounen no hat den Täter d'Affer virdrun an e Gespréich verwéckelt. Wéi den Tram un der Statioun ukoum, huet den Täter de Mann ëmäerbelt an ëm dobäi d'Kette vum Hals gerappt ier e geflücht ass.
Tipps fir Iech virun Iwwerfäll ze schützen, fannt Dir hei.
E Freideg no Hallefnuecht, géint 0:40 Auer, krut d'Police en Abroch an en Haus an der rue Laangert zu Betteng op der Mess gemellt, wou e Brigang duerch de Gaart an d'Haus koum nodeems en eng Fënster futtigeschloen hat. Ënner anerem Boergeld gouf geklaut, eng sich nom Täter hat bis ewell keen Erfolleg.