D'Police melltAbroch zu Esch an zu Pärel, véier Persoune festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin matdeelt, goufen et um Dënschdeg zwee verschidden Abréch am Land.
© RTL Grafik

Deemno gouf der Police géint 3.30 Auer e méiglechen Abroch an e Wunnhaus an der Route d’Arlon zu Pärel gemellt. Op der Plaz konnten eendeiteg Abrochspuere festgestallt ginn. D’Police huet d’Haus duerchsicht, an deem offensichtlech ee gewullt hätt. Dobäi konnten dräi Männer uewen am Haus gestallt an immobiliséiert ginn.

Déi dräi Verdächteg goufe festgeholl an am Laf vum Dag dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Am spéiden Nomëtteg hätt et nach en Abroch an der Rue Michel Lintz zu Esch-Uelzecht ginn. Éischten Informatiounen no wieren zwee Verdächteger duerch eng Fënster an eng Terrassendier erakomm. D’Police krut si nach op der Plaz ze paken.

De Parquet huet ordonéiert, dass deenen zwee hir Donnéeën opgeholl ginn an ee vun deenen zwee Verdächtege festgeholl gëtt. D’Saachen, déi geklaut goufen, goufen der Eegentemerin zréck ginn.

Back to Top
CIM LOGO