15 Woche sinn zanter dem Tornado vum 9. August vergaangen. Och wann de staarke Stuerm nëmme kuerz iwwer de Süde vum Land gezunn ass a geziilt e puer Stroosse getraff huet, sou war de Schued, deen en hannerlooss huet, enorm grouss. Wéi steet et lo mat de Remboursementer vun den Assurancen a vum Familljeministère fir déi betraffe Leit? A sinn d'Spendegelder scho verdeelt?
4.000 Demandë si bei den Assurancen erakomm. 40 Milliounen Euro si bis haut ausbezuelt ginn.
Haiser ouni Daach, beschiedegt Fassaden, futtis Fënsteren an zerdréckten Autoen - dat war de Bilan ugangs August am Süde vum Land. An 98% vun de Fäll wieren d'Leit awer adequat verséchert gewiescht, seet d'ACA. D'Hallschent vun den Dossiere konnten d'Versécherunge schonn ofschléissen. Fir déi Fäll, déi nach net clôturéiert sinn, ginn et dacks einfach Erklärungen:
„Staark beschiedegt Haiser sinn zum Beisill virgeholl ginn an et huet och mat der Disponibilitéit vun den Aarbechter misse gekuckt ginn. An dann ass et och esou, datt et fir verschidden Aarbechte besser ass, déi am Fréijoer ze maachen - zum Beispill Fassaden.", ënnersträicht de Marc Hengen vun der ACA.
Hëllef och vum Familljeministère
Och vum Familljeministère konnten d'Affer vum Tornado gehollef kréien. Dat awer nëmmen, wa „Biens de première nécessité" net scho vun der Versécherung rembourséiert gi sinn. Dozou de Gilles Rod aus dem Familljeministère:
„Déi allermeeschte Leit, déi eppes vun eis kritt hunn, hate strukturell Problemer mat der Fassad, dem Daach oder de Fënsteren. Also wierklech grouss Problemer, datt si net méi an den Haiser wunne konnten. An dat waren da Leit, déi keng gutt Versécherung haten an also "ënnerverséchert" waren oder et gouf et en aner Problem gouf. Deene Leit hu mir da gehollef."
De Familljeministère huet vun den 23 kompletten Demanden, 10 accordéiert. Dofir goufen 168.000€ ausbezuelt. Bei deenen Demanden, déi kee positive Retour kruten, war et dacks de Fall, datt Sue gefrot gi si fir Saachen, déi net ënner „Biens de première nécessité" falen: also Autoen, Gaardenhaisercher, Pergolaen oder Gaardemiwwelen.
Grouss Ënnerstëtzung duerch privat Spenden
An och d'Solidaritéit mat de betraffene Leit war grouss. Nieft den Opraumaarbechten ass och duerch privat Spende gehollef ginn. Ronn 700.000€ sinn esou zesummekomm. Dës Sue ginn den Ament awer nach vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng geréiert.
„Mir wollten elo geschwënn eng Reunioun maachen. An den Här Wolter huet dofir och schonn déi néideg Donnéeë bei de Versécherungen an dem Familljeministère ugefrot. Well d'Versécherunge jo soen, datt 98% vun de Schied verséchert waren, mä da musse mer kucken, ob dat stëmmt. An da wäerte mer Enn des Joers, oder spéitstens Enn Januar, déi Informatiounen hunn an an engem Gremium da kënnen entscheeden, wiem mer kënnen hëllefen.", sou de Pierre Mellina, Buergermeeschter vu Péiteng.
Déi gespente Sue solle fir déi Schied opkommen, déi weder vun der Versécherung, nach vum Familljeministère gedeckt goufen.
De Familljeministère hëlt nach weider Demanden un. De neien Delai ass den 1. Mäerz. Eligibel fir d'Sozialhëllef ass awer nëmmen, wie vun der Versécherung kee Remboursement krut.