CGDISAccident a Feier: All Kéiers ee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Geknuppt hat et tëscht Viichten an Useldeng, gebrannt um Sennengerbierg.
© CGDIS

Den 112 mellt een Accident op eise Stroossen déi leschte Nuecht. E Mëttwoch den Owend um kuerz no 20 Auer huet et tëscht Viichten an Useldeng gerabbelt. Dobäi ass een Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Géint 4 Auer an der Nuecht da goufen d'Pompjeeën aus der Stad, vun Hesper an Nidderaanwen geruff, well et an engem Appartement um Sennengerbierg gebrannt huet. Eng Persoun gouf hei uerg verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO