Op eise StroossenAccident duerch Geeschterfuerer op A4, Zeienopruff no Fahrerflucht zu Märel

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Heischent a Kiemen ass e Sonndeg de Moien en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. De SAMU koum an den Asaz.

E Sonndeg de Moie krut d’Police kuerz viru 7 Auer e Geeschterfuerer op der Escher Autobunn a Richtung Esch gemellt. Nach éier d’Police op der Plaz war, war d’Gefier an en Accident op der Héicht vu Leideleng verwéckelt. Béid Passagéier vum Auto hu missten vu de Rettungsekippen aus dem Gefier befreit ginn. Den Alkoholtest vun der Geeschterfuererin war positiv ausgefall. D’Persoun, déi am zweeten accidentéierten Auto souz, gouf liicht blesséiert.

Zu Esch selwer war an der Nuecht op e Sonndeg en Automobilist opgefall, dee mat vill ze héijer Vitess ënnerwee war. D’Police huet d’Poursuitte opgeholl a konnt d’Gefier kuerz drop anhuelen a stoppen. Bei der Kontroll ass opgefall, datt den Auto op der Säit beschiedegt war, well et e méi héijen Trottoire ze pake kritt hat. Dem Chauffer säin Alkohol- an Drogentest ware positiv a bei him gouf och eng kleng Quantitéit un Drogen esou wéi Utensilien a Pefferspray fonnt. Donieft huet sech erausgestallt, datt de Mann de Permis scho verluer hat. De Parquet gouf ageschalt an deen huet d’Gefier saiséieren gelooss an e Protokoll géint de Mann erstallt.

Bei enger vum Parquet ordonéierter Alkoholkontroll goufen tëscht 4 a 5 Auer zu Bech-Klengmaacher an der Route du Vin 8 Automobiliste kontrolléiert. Zwee vun hinnen haten ze vill gedronk an een dovu krut de Permis ofgeholl.

E Sonndeg kuerz no 11 Auer ass tëscht Heischent a Kiemen en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Den Ettelbrécker SAMU war am Asaz, grad ewéi d’Ambulanz Nordstad an d’Pompjeeën Alebesch an Nordstad.

Da mécht d’Police nach en Zeienopruff wéinst engem Tëschefall um Mëttwoch géint 19 Auer um Val Ste Croix zu Märel respektiv um Belair. Hei war e Mercedes GLC oder GLE an e Won, deen do ofgestallt war, gerannt an de Chauffer ass dono einfach weidergefuer. Et ass schwéiere Materialschued entstanen. All d’Infoe sinn hei fir d’Police aus der Stad um 244 40 1000 oder per E-Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO