DiddelengAccident ënner Alkoholafloss, 2 Kanner ware mat am Auto

RTL Lëtzebuerg
Auto géint Bam - Am fréien Donneschdegowend gouf et zu Diddeleng en Accident. Et sollt sech erausstellen, dass de Chauffer ze vill gedronk hat.

Den Automobilist hat 2 Kanner mat am Auto, wéi en d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer hat an an e Bam gerannt ass. De Chauffer an déi 2 Kanner koume fir eng Kontroll an d'Spidol.

Et sollt sech erausstellen, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. De Führerschäin gouf agezunn an de Mann gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO