
E Freideg den Owend géint 21.30 Auer Owend koum et tëscht Obeler a Leideleng zu engem Accident. En Automobilist ass um CR163 mat sengem Gefier op d'Kopp gaangen. Zwou Persoune goufe liicht blesséiert.
An zu Stengefort huet um 4.15 Auer en Auto an der Lëtzebuerger Strooss gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. Op der Plaz waren d'Pompjeeë Stengefort a Mamer.
Zu Kréindel an Direktioun Tratten ass en Automobilist eppes no 9.15 Auer e Samschdeg de Moien an eng Verdeelerkëscht gerannt. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.