
Wat genee geschitt ass, ass net gewosst. De Camion ass op riichter Streck an d’Leitplanke gaangen an op der Säit gelant.
Wéi de CGDIS nach mellt, hat et e Sonndeg den Owend eppes virun 19 Auer um CR162 tëscht Fëlschdref an Elleng gerabbelt. Eng Persoun gouf beim Autosaccident verwonnt. Wat genee geschitt ass, gouf net kommunizéiert. D’Pompjeeë vun Duelem an d’Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.