Am LokalenAccident mat e puer Gefierer op der A3 a Richtung A1

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie goufen eng Rei Accidenter an eng Farerflucht gemellt.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Um Méindeg

Zu Méchela huet en Automobilist sech no engem Accident mat Materialschued duerch d’Bascht gemaach. Am Laf vun der Enquête konnt de Chauffer ermëttelt ginn, bei deem den Alkoholtest positiv ausgefall ass. De Permis gouf agezunn an de Chauffer protokolléiert.

Kuerz no Hallefnuecht gouf an der Route de Thionville an der Stad en Automobilist wéinst senger opfälleger Fuerweis gestoppt a kontrolléiert. Och hei war den Alkoholtest positiv. Et gouf e Fuerverbuet ausgeschwat.

Géint 8.45 Auer e Méindeg koum et op der A3 tëscht der Stad an der A1 zu engem Accident tëscht e puer Gefierer. Véier Persoune goufe liicht blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Iechternach, Réiden, Réiser an aus der Stad souwéi de Samu.

Eng Kollisioun tëscht zwee Autoe gouf et da géint 9.20 Auer op der A13 tëscht Keel a Schëffleng. Och hei gouf et ee liicht Blesséierten, dee vum Rettungsdéngscht aus der Stad an den Ambulanze vu Keel an Esch versuergt gouf.

Kuerz no 10 Auer sinn am Rond-point Irgäertchen e Camion an en Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad.

Um Sonndeg - Accident tëscht Käerch an dem Wandhaff

Wéi de CGDIS mellt ass e Sonndeg en Auto um CR110 tëscht Käerch an dem Wandhaff accidentéiert. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Stengefort.

Back to Top
CIM LOGO