
Een Automobilist, deen aus Richtung Briddel koum, hat probéiert, fir een aneren Auto ze iwwerhuelen, ma hien ass net méi mat Zäiten op seng Spuer zeréck komm an ass frontal an een anert Gefier, wat aus Richtung Stroosse komm ass, gerannt.
De Mann am éischten Auto koum schwéier blesséiert an d'Klinick. De Chauffeur aus deem aneren Auto gouf liicht blesséiert. Donieft goufen nach e weideren Auto an e Camion beim Accident beschiedegt.
Wéinst dem Accident hat den CR181 tëscht dem Briddel a Stroossen fir de Verkéier misse gespaart ginn.