
De Chauffer war duerno weidergefuer, ouni sech ëm de Schued, deen dobäi entstane war, ze këmmeren.
D’Police geet dovun aus, dass de BMW wéinst dem Accident vir schwéier beschiedegt ass.
Wien Informatiounen iwwert den Accident oder den accidentéierten Auto huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vu Miersch ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 49 1000 oder via Mail.