CGDISAccident op der A13, Feier zu Esch an zu Sandweiler

RTL Lëtzebuerg
Eng Persoun gouf beim Accident, wou en Auto an d'Leitplanke gaangen ass, blesséiert.

E Samschdeg den Owend géint 18.30 Auer ass op der A13 vu Péiteng a Richtung Esch, net wäit vun der Sortie Éilereng ewech, een Auto an d'Leitplanke gaangen. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Zu Esch huet géint 19.30 Auer eng Kiche gebrannt.

E Samschdeg Owend géint 22.30 Auer huet um Parking op der Sandweiler Gare een Auto aus bis ewell ongekläerter Ursaach Feier gefaangen. Well Brandstëftung net ausgeschloss gi kann, war d'Spuresécherung op Uerder vum Parquet op der Plaz.
Zu Gaasperech an der Rue d'Ethe huet et e Sonndeg géint 8 Auer an engem Container vun engem Chantier gebrannt a kuerz virun 10 sinn zu Esch an Tue François Cigrang 2 Autoen net laanschteneen komm. Do gouf eng Persoun schwéier blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO