CGDISAccident tëscht 2 Cyclisten an Auto géint Leitplank

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et en Dënschdeg den Owend géint 18.30 Auer tëscht Stengefort an Äischen een Accident tëscht 2 Cyclisten. Dobäi gouf 1 blesséiert.

Tëscht Keel an Diddeleng ass kuerz drop en Auto an d'Leitplanke gerannt. Do gouf et 2 Blesséierter.

A wéi den CGDIS mellt huet et dann och 2x gebrannt. Kuerz virun Hallefnuecht huet an der Lonkescher Strooss an der Stad e Koup Dreck Feier gefaangen. An zu Féiz an der rue Brill hunn géint hallwer 4 e Mëttwoch de Moien Hecke gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO