CGDISAccident tëscht 2 Ween op der Escher A4 a Motocyclist zu Reisduerf gefall

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Samschdeg den Owend zu engem Accident op der Escher Autobunn an Direktioun Esch.
© TRL Archivbild

Géint 19.45 Auer krute sech do 2 Ween ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz war d'Ambulanz an d'Pompjeeën aus der Stad, d'Pompjeeë vu Monnerech an d'Police.

Géint 22.20 war et zu Monnerech an der Reckener Strooss zu enger Dampentwécklung komm. Méi Detailer sinn net gewosst.

E Sonndeg de Moie géint 9.50 Auer ass zu Reisduerf an der Route de la Sure nach e Motocyclist gefall a gouf verwonnt. Op der Plaz war d'Ambulanz aus der Fiels, d'Pompjeeë vun Dikrech a Reisduerf, de Pelotonschef vun der Sauer an d'Police.

Back to Top
CIM LOGO