
Op der Plaz waren d'Ambulanz aus Ettelbréck an d'Pompjeeë vun Angelduerf.
Géint 9 Auer ass op der N8 zu Kräizerbuch a Richtung Gäichel en Auto an de Gruef geroden. Verwonnt gouf hei awer keen. Am Asaz waren d'Mamer Ambulanz, wéi och d'Pompjeeë vun Habscht.
Agräifen hunn d'Fréisenger an d'Uespelter Pompjeeën zu Fréiseng an der Robert-Schuman-Strooss, well do um 10.20 Auer Offall gebrannt huet.