
Do wäerte mol sécher e puer Leit um Freideg de Mëtteg hongereg bleiwen, bei der accidentéierter Camionnette handelt et sech nämlech ëm e Liwwer-Service.
Eisen Informatiounen no ass kengem eppes geschitt. Déi genee Ëmstänn vum Accident sinn net gewosst.
Och op anere Plazen am Land koum et zu Virfäll op de Stroossen.
Kuerz 7.10 Auer krute sech um CR338 tëscht Hengescht a Bënzelt en Auto an e Minibus ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert.
Um 7.25 Auer sinn op der Bréck Grande-Duchesse Charlotte 2 Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Knapp 10 Minutte méi spéit gouf an der Rue des Peupliers an der Stad a e Foussgänger ugestouss a verwonnt.
Kuerz no 9 Auer ass en Auto tëscht Steebrécken a Féiz en Auto am Gruef gelant, ee weidere Blesséierten ass hei ze bekloen.