Streck war gespaartAccident tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg, Bäifuererin schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 12 Auer e Sonndeg de Mëtteg koum et an enger Kéier tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg zu engem Accident.
© Police

E Chauffer war op där Streck mat sengem Gefier an enger Kéier un d’Schleidere komm, hien ass en Hiwwel eropgefuer, doduerch ass de Won gekippt an um Daach gelant.

De Chauffer ass liicht verwonnt ginn, seng Bäifuererin schwéier, si huet misste mat uerge Blessuren aus dem Gefier gebuerge ginn.

De Parquet gouf informéiert an huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz geschéckt, fir d’Spueren ze sécheren.

D’Streck tëschent Beetebuerg an der Kockelscheier war dann och eng Zäit gespaart.

© Police

Back to Top
CIM LOGO