
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident en Dënschdeg kuerz no 23 Auer zu Mamer an der Gaston-Thorn-Strooss. En Auto war hei an e Bam gerannt. Nieft de lokale Secouristen huet sech och de Samus-Noutdokter ëm eng blesséiert Persoun misse këmmeren.
Bei engem Kichebrand zu Uewerkuer blouf et iwwerdeems beim Materialschued. Hei waren déi lokal Rettungsekippen, esou wéi hir Kolleege vu Péiteng, am Asaz.