Rapport vun der PoliceAccidenter mat deels Alkohol am Spill

RTL Lëtzebuerg
Frontalkollisioun tëscht zwéin Autoen Hënt géint hallwer 2 op der Areler Strooss an der Stad.

3 Leit koume mat liichte Blessure fir eng Kontroll an d’Spidol.

Ee vun de Chauffeuren hat ze vill gedronk an et gouf schonn e provisorescht Fuerverbuet géint dësen. D’Strooss hat misste fir den Trafic gespaart ginn.

Wéi d’Plaz ofgeséchert gouf ass e weidere Chauffeur opgefall, well en net direkt stoe bliwwe war. Och bei deem Automobilist war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn. Säin Auto war och net korrekt ugemellt.

Kuerz no 2 Auer du koum op der selwechter Plaz en Auto vill ze séier erbäi gefuer an ass dunn an eng Niewestrooss era gebéit.

D’Beamte sinn deem Won nogefuer. Och hei war Alkohol am Spill an de Chauffer krut de Führerschäin ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO