Zanter der leschter Entrevue Mëtt September huet sech d’Situatioun am Aviatiounssecteur an do besonnesch am Passagéiertransport nach verschlëmmert. Tëscht September an Dezember hat Luxair scho mat schlechte Chiffere gerechent. Ma aktuell wären d'Previsioune fir d'Luxair-Aktivitéiten nach 35% ënnert dem, wat si sech erwaart haten. D’Leit wäre veronséchert, d’Grenze géingen arbiträr zougemaach ginn, an all dat géing d’Luxair ze spiere kréien, erkläert den Transportminister François Bausch.
Virun dem Hannergrond waren all d'Sozialpartner frou, dass een Accord de principe konnt fonnt ginn. De François Bausch:
„En Accord de principe, wou de Staat seng Responsabilitéit wäert iwwerhuelen. Deen de Staat och wäert vill Suen kaschten. Haaptsächlech net iwwer eng Aide d'Etat un d'Luxair, mee virun allem iwwer de Fonds pour l'emploi. Dat heescht, de Staat wäert iwwer den Mechanismus vun der Cellule de reclassement e gudden Deel musse Suen opbréngen“
Estimatiounen no kéint dat de Staat fir 3 Joer 50 Milliounen Euro kaschten. Fir d’éischt misst awer och nach déi legal Basis vun dësem Outil, also der Cellule de reclassement adaptéiert ginn. Den Ament wär nämlech e Plafong fixéiert, wéi vill Leit a sou eng Cellule de reclassement dierfte kommen, dat géing den Ament awer net duer goen.
Dass 20% vum Personal vun der Luxair concernéiert sinn, also ronn 600 Leit, wär considerabel a substantiell, fënnt den LCGB-President Patrick Dury. Dofir wär dëse prinzipiellen Accord sou wichteg.
„Wou mer op der enger Säit soen, dass ronn d'Hallschent vun de Leit iwwer Preretraite kënnen an eng virgezunnen Altersrent oder an eng Rent goen. An dass déi aner Hallschent vun de Leit iwwer eng Cellule de reclassement–Struktur kënnen opgefaange ginn, wou se dann entweder duerch intern Reaffektatioun, dat heescht, dass se Preretraiten kënnen ersetzen, déi fort ginn oder iwwer Prêt temporaire an anere Betriber, dat muss sech dann nach fannen, eventuell kënne kuerz- oder mëttelfristeg beschäftegt ginn.“
Dëst géing natierlech stoen a falen mat engem ganz ambitiéise Formatiounsplang, wou d'Leit kënne fit gemaach ginn fir eng aner Aarbechtsplaz, sou nach de Patrick Dury.
Als Gewerkschaft wär et awer net just wichteg d'Aarbechtsplazen, ma och déi sozial Acquisen ofzesécheren. D'Michelle Cloos vum OGBL:
„Do hu mer eng Propose och an dësem Package. Mir sécheren d'Acquisen aus dem Kollektivvertrag fir d'Leit of – mat enger Ausnam oder Konterpartie. Dat ass déi, dass et an de nächsten Joren, wou et der Luxair schlecht geet a wou mer mat der Cellule de reclassement beschäftegt sinn, keng Lounerhéijunge wäert ginn. Dat heescht, d'Leit behalen hire Loun, mee kréien keng Erhéijungen wärend der Zäit.“
Bis Enn 2023 wäerte sech d’Sozialpartner am Kader vun dëser Tripartite 2x am Joer gesinn, fir de Point vun der Situatioun ze maachen, fir ze kucken, wéi d'Konjunktur sech entwéckelt an ob strukturell Ännerunge wäerten néideg ginn, déi sech da jo nees op d'Personal kéinten auswierken.
An deem Fall géing een dëse Modell deementspriechend adaptéieren.