
Vun deem Datum u changéieren nämlech d'Konditiounen an dës Transporter gi gratis. Deemno mussen déi eeler Leit, déi aktuell op den Adapto zeréckgräifen, eng nei Demande stelle mat engem neien Certificat vun engem Dokter.
De gratis Bus-Transport sur demande ass jo fir déi Leit reservéiert, déi net méi gutt kënne goen, en Handicap hunn oder duerch eng Krankheet keen anere Moyen hunn, fir sech ze deplacéieren.
De Konsumenteschutz interpelléiert en Dënschdeg de Mobilitéitsminister François Bausch wéinst den neien Adapto-Konditiounen a freet, dës dréngend z'iwwerschaffen. D'ULC stellt fest, datt et de concernéierten eelere Leit net wäert méiglech sinn, bannent deem Delai vu nëmmen engem Mount en Dokter opzesichen. Duerfir soll deen Delai op 6 Méint verlängert ginn, freet d'ULC.
D'Adapto-Reform bezeechent d'ULC dann och als net duerchduecht, net gutt geplangt an zäitlech irrealistesch. Ëmmerhin wieren eng 10.000 zum gréissten Deel eeler, respektiv handicapéiert Leit vun dëser Reform betraff a missten elo mat den neie Konditioune liewen. En aneren Probleem gesäit de Konsumenteschutz bei de Sammel-Transporter, wou bei Doktesch- oder Spidols-Rendezvouse mat gréissere Problemer ze rechne wier. Dorfier d'Revendicatioun, datt Eenzeltransporter misste méiglech bleiwen.
An där Conclusioun fuerdert d'ULC de Minister op, d'Adapto-Reform à la base z'iwwerschaffen an de Realitéite vun den eeleren an kranke Leit unzepassen, déi op dës Transporter ugewise sinn.