Parlamentaresch RentréeADR fuerdert: Russland-Sanktiounen ophiewen a Steiertabell un Inflatioun upassen

RTL Lëtzebuerg
Deene meeschte Leit géing et schlecht goen, sot den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
Parlamentaresch Rentrée bei der ADR
Russland-Sanktiounen ophiewen a Steiertabell un Inflatioun upassen, esou zwou vun de Fuerderunge vun der Oppositiounspartei.

Parlamentaresch Rentrée bei der ADR / Rep. Diana Hoffmann

D’ADR huet op enger Pressekonferenz hir Fuerderunge fir déi parlamentaresch Rentrée presentéiert.

D’Regierung géing dem Land net méi déi Sécherheet bidden, déi et bräicht, huet et do geheescht. Ënner anerem sinn d’Fuerderunge vun der ADR dofir, den Indexsystem ze erhalen, d’Steiertabell un d’Inflatioun unzepassen an de Mindestloun sou wéi och d’Wittfraerent steierfräi ze maachen.

An der Chamber hätt da just d’ADR géint eng Steiererhéijung gekämpft, sot de Fernand Kartheiser. Elo kéimen awer weider Erhéijunge bei der CO2-Steier an et ass eng Diskussioun amgaangen iwwer Grond- a Spekulatiounssteier. “Dat ass den Ament net néideg, well d’Leit scho keng Suen hunn”, sou den Deputéierten.

D’Ekonomie wier och an engem schlechten Zoustand. Et géing ee riskéieren, an eng laang Rezessioun ze kommen. D’Léisung vun der ADR: D’Sanktioune géint Russland ophiewen. Dës Sanktiounspolitik géing nämlech just bewierken, datt een der Lëtzebuergescher Ekonomie géing Schueden, huet de Fernand Kartheiser ënnerstrach. An trotzdeem kéint doduerch keen Enn vum Krich an der Ukrain erreecht ginn.

D’Vulnerabilitéit vun Europa a Saachen Energie wier grad jo offensichtlech, sot de Parteipresident Fred Keup. Wann ee wéilt eng realistesch Energiepolitik an Europa maachen, géing dat net mat 100 Prozent erneierbaren Energië funktionéieren. Et misst ee sech op sécher Energiequelle wéi fossil an nuklear baséieren. Schliisslech géing hei am Land net ëmmer d’Sonn schéngen oder de Wand blosen. Dofir bräicht een ëmmer nach de Gas als Sécherheet. Och wann een erneierbar Energiequelle géing begréissen.

Back to Top
CIM LOGO